Letzshop no der Corona-Pandemie

Dat lescht Joer hat ech dem Minister fir Mëttelstand e puer Froen zum Fonctionnement vun der online Verkafsplattform “Letzshop” gestallt. Mam Abroch vun der COVID-19-Pandemie huet de Minister decidéiert, dass de Membersbäitrag vu 500€ fir dëst Joer opgehuewen ass, fir esou den Entreprisen ze hëllefen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi schätzt de Minister déi zukünfteg Entwécklung vun der Plattform Letzshop an?
  2. Opgelëscht no Gemeng, wéi vill Geschäfter ware virun der Coronakris op Letzshop ageschriwwen? No der nämleschter Oplëschtung, wéi vill sinn elo wärend der Coronakris bäikomm?
  3. Wéi vill Gemengen sinn iwwert den Zäitraum vun der Coronakris op d’Plattform bäikomm? Ëm wéi eng Gemengen handelt et sech?
  4. Wéi vill Produiten goufe virun der Coronakris op Letzshop ugebueden? Wéi huet sech dës Ziffer iwwert den Zäitraum vun der Coronakris entwéckelt?
  5. Wéi vill Clicks goufe virun der Coronakris op Letzshop gezielt? Wéi huet sech dës Ziffer iwwert den Zäitraum vun der Coronakris entwéckelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2176

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene