Net ouni meng Mask

Net ouni meng Mask – Dëse Slogan ass den Ophänkert vun enger aktueller Publicitéitscampagne vun der Regierung, fir de Public fir d’Anhale vun de Corona-Mesuren ze sensibiliséieren. Dës Pub huet rezent d’Deckblat vun den Zeitunge vun engem Pressegrupp gefëllt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Här Minister, gëtt d’Regierung bei all de Medien, déi vun der staatlecher Pressehëllef profitéieren esou eng Pub an Optrag ? Wann net, firwat net ?

  2. Wéi goufen d’Pressehaiser, fir déi esou eng Publicitéit vun der Regierung an Optrag gi gouf, ausgewielt ?

  3. Huet d’Regierung bei anere sougenannten “Out of Home” Annoncen op Bushaisercher vun enger Gratuitéit profitéiert? 

  4. Huet d’Regierung bei den Zeitungsannoncen vun enger Gratuitéit profitéiert oder goufen dës Annoncen zum Maartpräis akaaft?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2147

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene