Renée Filbig

Ech sinn d’Renée Filbig, 55 Joer, Sekretärin a bestuet.

A menger Fräizäit beschäftegen ech mech nieft der Partei (als Parteisekretärin vun der PID), mat gesonder Ernährung , wéi zum Beispill : Wellkraider an all daat wat d’ Natur eis ubitt.

Ech këmmere mech och mat vill Häerz em mäin klengen Zoo doheem a sinn ëmmer erëm  begeeschtert nei Leit a Kulture kennen ze leiere fir en flotte kulturellen Austausch.

Ech liewe zënter iwwer 30 Joer veg/vegan an am Respekt mat Mënsch , Deier an Natur.

Ech schwätze mech géint all Form vu Rassismus aus, zudeem si Famill a Frënn mir ganz wichteg.

Politesch engagéieren ech mech, well een nëmmen eppes veränneren oder erreeche ka wann een sech selwer dofir asetzt.

An dofir stinn ech an fir en Liewen am Respekt mat Mënsch, Deier a Natur.

An de Schoule sollen d’Kanner d’Natur an Deieren erëm méi no bruecht kréien.

Ausserdeem engagéieren ech mech fir e flott a respektvollt Zesummeliewen an enger transgenerationeller Gesellschaft.

Meng 3 Haaptthemen sinn : Familljepolitik , Déiereschutz ,d’Legaliséiere vum Cannabis esou wei de Remboursement  iwwert Gesondheetskeess vum Cannabis an der Medezin.

Politik muss erëm méi fir a mam Bierger gemaach ginn !

Zesumme si mir all méi staark!

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene