Kéint de Verkaf vun Eltrona zu engem Monopol féieren?

Wéi d’Plattform broadbandtvnews.com an engem Online-Artikel vum 25te Februar beriicht, wäert eng zu Lëtzebuerg féierend Firma am Telekommunikatiounsberäich (Eltrona) vun enger belscher Telekom-Grupp (Telenet) iwwerholl ginn. Dat Nennenswäert bei dëser Iwwernam ass, dass d’POST ugekënnegt huet, seng 34% Undeelsaktien vun der lëtzebuergescher Firma wäerten un de belsche Grupp ze verkafen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Ass de Minister der Meenung, datt duerch dës Transaktioun déi belsch Firma eng dominant Positioun um Coax-baséierte Reseau anhuele wäert?
  2. Gouf dës Transaktioun virdrunner vum Conseil de la Concurrence aviséiert?
  3. Existéiere Garantien fir d’Clienten, datt duerch d’quasi-Monopoliséierung vun den nationale Coax-Réseauen d’Konkurrenz garantéiert bleift? Plangt de Ministère d’Instrumenter, déi him zur Verfügung stinn, ze notzen, fir Konkurrenz a Konsumentechoix ze garantéieren?
  4. Ass geplangt dem neien Acteur änlech Konditiounen opzeerleeë, wéi der POST, wat den Accès vun Drëtten op hire Reseau iwwert eng sougenannten “wholesale offer” ubelaangt?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene