Crypto AG – Spionage duerch CIA a BND

Aus den internationale Medien ass de Public an de leschten Deeg gewuer ginn, dass d’CIA an de Bundesnachrichtendienst (BND) iwwert eng Schäinfirma an der Schwäiz mam Numm Crypto AG a ronn 120 Länner souwuel Feind ewéi och Frënd ausspionéiert hunn. Dës Firma huet un aner Länner Verschlësselungstechnik ugebueden an huet esou iwwert agebauten Hannerdieren – sougenannte “Backdoors” – Geréiter a Softwareprogrammer vun de Clienten konnten ausspionéieren. Doduerch konnten den amerikaneschen an den däitschen Noriichtendéngscht verschlësselt Kommunikatioun iwwerwaachen a matliesen.

An dem Zesummenhang hu mir dem Premierminister eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt:

  1. Benotzt de Lëtzebuerger Staat aktuell Apparater oder Logicielle vun der Crypto AG? 
    Ginn aner Servicer vun dëser Firma oder hiren Nofollger beusprocht?
  2. Huet de Lëtzebuerger Staat an der Vergaangenheet Apparater oder Logicielle vun der Crypto AG kaf oder agesat? Goufen aner Servicer vun dëser Firma oder hiren Nofollger beusprocht?
  3. Falls jo, wéi eng Konsequenzen zitt de Lëtzebuerger Staat aus der sougenannter Operatioun “Rubikon”?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene