Ausbau vum Uerschterhaff Suessem – Nofro

An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt bekannt“ wier. Dës Äntwert léisst awer nach verschidde Froen op. Et zirkuléiere Informatiounen an der Gemeng, dass op dëser Plaz ee Schéissstand oder ee Centre commercial kéinte gebaut ginn. D’Informatiounen um Geoportail weisen, dass d’Terrainen op dëser Plaz dem Staat souwéi der Gemeng Suessem gehéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Leien der Regierung Informatiounen iwwer Projeten op de staatlechen oder net-staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem vir a falls jo, wéi eng? 

  2. Gouf d’Regierung oder ee vun de concernéierte Ministèren am Kontext vu Projeten op dësen Terraine kontaktéiert a falls jo, vu wiem a fir wéi eng Projeten? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4129

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt