FRO.LU: Feelend Dategrondlag fir d’Politik ronderëm den Aidant informel

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

An hirer Äntwert op d’Fro n°3054 huet d’Ministesch selwer zouginn, datt dem IGSS keng Donnéeën doriwwer virleien, firwat potenziell Aidants informels d’Roll net iwwerhuelen. Gläichzäiteg ass onbekannt, a wéi ville Fäll Familljememberen duerch déi nei Evaluatiounsreegele vun 2018 als Aidant ofgewise goufen. D’Regierung huet d’Leeschtunge real reduzéiert, d’Evaluatiounscritèrë verschäerft, an d’Zuel vun den Aidants ass ëm 51% erofgaangen – ouni ze wëssen, wat d’Ursaache sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi kann d’Ministesch behaapten, datt d’Evaluatiounsreegele vun 2018 d’Qualitéit vun der Prise en charge verbessert hunn, wann dem IGSS selwer keng Donnéeën doriwwer virleien, firwat d’Zuel vun den Aidants informels zanter 2018 ëm 51% erofgaangen ass?

  2. Wann d’Ministesch net weess, a wéi vill Fäll potenziell Aidanten duerch d’Evaluatiounsreegelen vun 2018 ofgewise goufen, wéi kann si da behaapten, datt déi nei Reegelen d’Qualitéit verbessert hunn ouni d’Zuel vun den Aidants strukturell ze reduzéieren?

  3. Wéini gedenkt d’Ministesch, déi néideg Studie beim IGSS a bei relevanten Acteuren am Optrag ze ginn, fir dës Daten-Lücken ze schléissen?

  4. Sinn d’Conclusiounen aus de Berodunge mat de concernéierten Acteuren am Abrëll 2023 dem Parlament zougänglech? Wa jo, wou? Wa nee, firwat net?

Fro n°4031

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4031

Zesummenhang posts