Laang Waardezäiten bei der Allocation de vie chère

Ëmmer méi Stéit zu Lëtzebuerg si vun der „Allocation de vie chère“ ugewisen, fir finanziell iwwert d’Ronnen ze kommen an hir héich Loyer-, Energie- oder sos Liewenskäschten kënnen ze bezuelen. No Informatiounen, déi mir virleien, kënnt et beim Fonds national de solidarité (FNS) aktuell zu bedeitende Retarde bei der Behandlung vun den Demanden a verschidde Leit waarden elo scho Méint drop, dass hir Demande iwwerhaapt behandelt gëtt. Et ass rieds vun dausenden Demanden, déi nach net behandelt goufen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë fir d’Allocation de vie chère goufen dëst an d’lescht Joer beim FNS agereecht?

  2. Wéi vill Demanden goufen, Stand Enn Abrëll 2026, nach net behandelt?

  3. Wéi vill Personal ass fir den Traitement vun dësen Demanden affektéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4127

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt