Am Telekommunikatiounssecteur zu Lëtzebuerg ginn et laut aktuellen Informatiounen déi meescht vun der ILR festgestallte Litigen tëscht Konsumenten an Ubidder. Dës Konflikter betreffen ënner anerem Froen zu de Konditioune vun de Kontrakter, Facturatioun an d’Qualitéit vun de Servicer, wat op eng systematesch Problematik am Secteur hindeite kéint. Zousätzlech gëtt en neit Instrument zur Verfügung gestallt, dat d’Offere vun den Telekommunikatiounsentreprise vergläiche soll, an dëst ab Freideg als Applikatioun. Et ass wichteg ze verstoen, wéi dëst Instrument konzipéiert ass, wéi et d’Konsumenten effektiv schütze kann, a wéi eng Roll d’Regierung an d’Reguléierungsbehörden bei der Kontroll vum Secteur spillen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Litigen tëscht Konsumenten an Telekommunikatiounsubidder goufen an de leschten dräi Joer beim Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) a bei der Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC) registréiert, a wat sinn déi heefegst Grënn fir dës Konflikter?
Wéi eng Moossnamen huet d’Regierung geholl oder plangt se ze huelen, fir d’Unzuel vun de Litigen am Telekommunikatiounssecteur ze reduzéieren?
Wéi gouf dat neit Vergläichsinstrument fir Telekommunikatiounsofferen entwéckelt, wéi eng Instanz ass fir seng Richtegkeet a Vollstännegkeet verantwortlech, a wéi gëtt garantéiert, datt d’Daten, déi doran enthale sinn, aktuell an objektiv sinn?
Wéi eng Sanktiounsmechanismen existéieren, wann Telekommunikatiounsubidder géint d’Verbraucherrechter verstoussen, a ginn dës als effektiv ugesinn? Ginn d’Sanktioune verstäerkt wann et sech ëm e widderhuelt Feelverhalen handelt?
QP Nummer 3973