Zanter dem 8. Abrëll 2026 ass d’Saison vun der Steiererklärung am Groussherzogtum Lëtzebuerg offiziell amgaang. D’Regierung huet an deem Kontext ugekënnegt, den Akzent weider staark op d’Digitaliséierung vum Prozess ze leeën, fir d’Demarchë souwuel fir d’Bierger wéi och fir d’Administration des contributions directes (ACD) z’optimiséieren an ze vereinfachen. Eng vun de groussen Neierungen an dësem Beräich ass d’Aféiere vu méi Automatismus, ënner anerem duerch deelweis virgefëllte Steiererklärungen, déi de Steierzueler d’Aarbecht sollen ofhuelen. Dës weider Digitaliséierung vun der Steierverwaltung ass eng noutwenneg a laangfristeg Prioritéit. Et ass awer essenziell, datt de System transparent bleift an d’Rechter vun de Bierger vollëmfänglech geschützt ginn, besonnesch wann et ëm d’Upassung vu virgefëllten Donnéeë geet. Doriwwer eraus muss garantéiert ginn, datt d’Digitaliséierung kee Bierger ausschléisst an datt och professionell Acteuren, wéi d’Fiduciairen, duerch modern technologesch Léisunge kënnen an hirer deeglecher Aarbecht ënnerstëtzt ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi gëtt séchergestallt, datt d’Steierzueler eng virgefëllte Steiererklärung kënne rectifiéieren, wann se nom Aschécke mierken, datt verschidden Ofsetzbeträg feelen, a gëtt an deem Kontext e formellt “Recht op Feeler” (droit à l’erreur) agefouert?
Wéi eng konkret Mesurë goufe vum Ministère geholl, fir ze garantéieren, datt och manner digital-affin Bierger weiderhin en einfachen an onbürokrateschen Zougang zur Steiererklärung hunn?
Wéi héich war de Prozentsaz vun de Steiererklärungen, déi am Joer 2025 digital agereecht goufen, a wat fir e geneeën Zilwäert huet d’Regierung fir d’Joer 2026 festgeluecht? Dëst opgeschlësselt no den eenzele Kanäl (Assistent, Depot PDF op myguichet, envoi postal, …)
Wat sinn déi nächst geplangte Schrëtt fir d’weider technologesch Moderniséierung vun der Steierverwaltung, a wéi gesäit den detailléierten Zäitplang dofir aus?
Ass geplangt, fir professionellen Acteure spezifesch Schnëttstellen (APIen) zur Verfügung ze stellen, déi d’direkt Aschécke vu Steiererklärungen aus hirer eegener Software eraus erlaben, ouni iwwert de Portal MyGuichet ze goen?
QP Nummer 3879