FRO.LU: Waasserstoff-Technologie zu Lëtzebuerg

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu

An de parlamentaresche Froen n°340, 733, 1293 a 1781 hunn eng Rëtsch Deputéierten Informatiounen zu der Strategie vun der Regierung par Rapport zu der Waasserstofftechnologie am Transportsecteur krut.

Am Uschloss un dës Froe hu mir den zoustännege Ministere folgend Froe gestallt:

  1. Wéi vill Waasserstoff-Autoe sinn de Moment zu Lëtzebuerg immatrikuléiert?
  2. Wëssend, dass et aktuell nach keng Waasserstofftankstell zu Lëtzebuerg gëtt: wou tanken dës zu Lëtzebuerg immatrikuéiert Autoen?
  3. Wéi d’Regierung annoncéiert huet, wäert bis Enn vun dëser Legislaturperiod déi éischt Waasserstoftankstell zu Lëtzebuerg gebaut ginn. Wéi vill wäert de Bau vun dëser Tankstell kaschten? 
  4. Plangt d’Regierung zu Lëtzebuerg Strukturen, fir Waasserstoff an Zukunft hei am Land aus erneierbaren Energien ze produzéieren? Falls jo, wéi vill Megawattstonne Stroum misste produzéiert ginn, fir all déi zu Lëtzebuerg immatrikuléiert Autoen ze beliwweren ? Falls nee, firwat net ?

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene