Begriefnisser an anere Gemengen

D’Gemenge sinn zoustänneg fir d’Begriefnisser an den Ënnerhalt vun de Kierfechter. Normalerweis ass et esou, dass d’Leit an der Gemeng begruewe ginn, wou se wunnen. Et ginn awer Fäll, wou d’Leit an där Gemeng wëlle begruewe ginn, wou si sech zougehéireg gefillt hunn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Erlaabt d’Gesetz et, dass eng Persoun an enger anerer Gemeng ka begruewe ginn, wéi där wou se wunnt? 

  2. Ass et de Gemengen selwer iwwerlooss, ob si eng verstuerwe Persoun aus enger anerer Gemeng op hirem Territoire bäisetze wëllen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2683

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene