Haftung am Fall vun engem iwwerranntenem Hausdéier

D’lescht Joer gouf et een tragesche Fall, bei deem een Hausdéier duerch ee Feeler vun enger Baufirma  gestuerwen ass. D’Baufirma, déi aktuell ee grousse Shoppingzenter mat Autobunnsopfaart an Tram-Arrêt zu Steebrécken baut (GridX) huet bei Aarbechten nieft engem Privathaus een Drot futti gemaach, wouropshin den Hond ausbéchst ass a spéider op der Strooss iwwerrannt gouf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn d’Ministesche Kenntnis vun dësem Fall?

  2. Ass d’Baufirma an dësem Fall fir den Dout vum Déier souwéi de Schued um Haus haftbar?

  3. Misste seriö Firmen, grad bei esou grousse staatleche Projeten, net besser op d’Ëmgéigend oppassen, fir esou Accidenter ze vermeiden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2639

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene