Sécherheet op eise Stroossen duerch E-Scooter

Aus dem Verkéiersrapport vun 2024 vum Mobilitéitsministère geet ervir, dass et 2024 manner Verkéiersdoudeg gouf. Et ass awer eng Tendenz z’erkennen, dass et méi Accidenter gouf. Och E-Scooteren sinn hei ëmmer méi dra verwéckelet, wéi d’Tageblatt an engem Artikel vun haut schreift: “Auch E-Scooter (elektrische “Trotinetten”) sind zunehmend Teil der Straßenverkehrs – mit entsprechenden Folgen: Zwölf Fahrer wurden 2024 schwer verletzt. Hinzu kommen vier schwer verletzte und ein tödlich verünglückter Lieferwagenfahrer.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Mat wéi enge Moossnahmen wäert d’Mobilitéitsministesch d’Sécherheet op eise Stroossen verbesseren, sou dass et zu manner Accidenter mat oder duerch E-Scooter kënnt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2608

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene