Context:
Gesetzesprojet 8114 iwwert d’Hëllefen fir d’Präisser an de Fleegeheemer
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- D’Gesetz vum 23ten August 2023 reegelt d’Qualitéit vun den Alters- a Fleegeheemer a soll eisen eelere Matbierger:innen ee flotte Liewensofschnëtt a beschtméiglechster Liewensqualitéit garantéieren;
- Net jidderee kann sech awer eng Plaz an engem Fleegeheem leeschten an dofir hëlleft de Staat iwwert de Fonds National de la Solidarité deene Leit, déi eng finanziell Hëllef brauchen;
- D’Präisser vun den Zëmmeren an de Servicer sinn a ville Fleegeheemer un den Index gebonnen, esou dass bei all Indextranche integral d’Präisser vum Zëmmer erop ginn a fir vill Leit, déi elo schonn um Existenzminimum liewen, weider an d’Luucht ginn;
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- d’Indexéierung vun de Präisser an de Fleegeheemer esou auszeriichten, dass se net fir de gesamte Präis gräift.