National Entscheedung fir Schoulfräi bei Alerte rouge

100 Gemengen existéieren zu Lëtzebuerg. 100 Gemenge mat 100 verschiddene Gemengereglementer. D’Hëtztwell vun dëser huet erëm gewisen, dass et fir d’Bierger:innen net iwwersiichtlech ass, wann all Gemeng eng aner Entscheedung hëlt. Esou hunn all d’Gemengen zäitversat ënnerschiddlech Moossnamen kommunizéiert oder nach a leschter Minutt geännert, wat fir vill Elteren a Kanner net iwwersichtlech ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat hunn déi ënnerschiddlech Gemengen haut, den 2te Juli, decidéiert?

  2. Am Januar 2024 hat d’Regierung opgrond vun enger Alerte rouge wéinst Schnéi an Äis direkt decidéiert, dass d’Schoulen een Dag zou sinn.  Firwat huet d’Regierung net selwer eng Entscheedung fir haut getraff, esou wéi et am Januar 2024 fir de Schnéifräi gemaach gouf?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2554

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene