Hëllefen géint héich Energiepräisser

 An de leschte Jore sinn d’Stroumpräisser europawäit an d’Luucht gaangen. Zu Lëtzebuerg goufen dowéinst an der viregter Legislatur finanziell Energiehëllefen an ee Stroumpräisdeckel agefouert. De Präisdeckel gouf dëst Joer vun dëser Regierung gekierzt a wäert dëst Joer ganz auslafen. D’Energieausgaben bleiwe fir vill Stéit awer, nieft de Wunnkäschten, eng héich Ausgab am Budget. An Däitschland ginn et Diskussiounen, fir de Stroumpräis steierlech weider erofzesetzen. Een Artikel an der FAZ vum 2.2.2025 schreift: “Eine Senkung der Stromsteuer auf den in der EU erlaubten Mindestwert würde die Stromkosten […] um knapp 7 Prozent verringern.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi eng weider Moossnahmen dierf Lëtzebuerg am Aklang mam EU-Recht ënnerhuelen, fir d’Leit bei de Stroumpräisser z’entlaaschten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2540

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene