An engem Facebook-Post huet de Mobilitéitsministere Werbung iwwert eng Visite vun der Ministesch bei der Firma LUXUAV gemaach. Am Post informéiert de Ministère och, dass de Staat 250 FPV-Dronen vun dëser Firma kaf ze hunn..
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Gouf et eng Ausschreiwung fir de Kaf vun dësen 250 Drohnen?
Falls nee, wéi eng Reegele vum Gesetz iwwert ëffentlech Ausschreiwungen goufen heifir genotzt? -
Wéi ass de Kontakt tëschent der Firma an dem Ministère zoustane komm? Huet d’Firma d’Ministesch kontaktéiert oder ass de Ministère op d’Firma opmierksam ginn?
-
Wéi vill huet de Kaf vun deenen 250 Drohnen kascht?
QP Nummer 2501