Problemer am Steierbüro zu Péiteng

Een Artikel vum 19te Juni op reporter.lu beriicht iwwert eng Geriichtsaffär an deem ee Staatsbeamten aus dem Steierbüro zu Péiteng wéinst “prise illégale d’intérêts” schëlleg gesprach gouf. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Goufen am Steierbüro zu Péiteng no dësem Fall weider Onreegelméissegkeete festgestallt? Falls jo, wéi vill Fäll goufen et?

  2. Wéi vill Auditen a Kontrolle goufen et an de leschte 5 Joren am Péitenger Steierbüro?

  3. “La jeune femme contrevient à un règlement interne de l’administration de septembre 2020 qui proscrit à un agent du fisc de traiter lui-même sa déclaration de revenus et de déterminer sa base imposable.” Wéi ginn d’Beamten an de Steierverwaltungen iwwert déi deontologesch Reegele forméiert an informéiert? 

  4. Wéi oft huet d’Personal am Steierbüro zu Péiteng an de leschte 5 Jore gewiesselt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2500

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene