Kryptowährungen fir eis Finanzplaz

D’Luxembourg Luxtimes beriicht, dass d’Firma Coinbase, déi am Beräich vun de Kryptowärungen aktiv ass, an den nächste Wochen Operatiounen zu Lëtzebuerg wäert starten:

“US-based Coinbase is “on track” to get a Luxembourg cryptocurrency provider licence and start operating in the Grand Duchy in the coming weeks, its CEO has told a technology conference in Kirchberg.”
Et ass eng gutt Noriicht fir eis Finanzplaz, wann nei Fintech-Servicer op Lëtzebuerg kommen an hir Servicer zu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus an d’EU, ubidden. A vergaangene parlamentaresche Froen an Interventiounen hat ech reegelméisseg op d’Wichtegkeet vu Kryptowärungen fir eis Finanzplaz higewisen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert d’Regierung d’Noriicht, dass Coinbase op Lëtzebuerg kënnt?

  2. Wéi vill Firmen am Beräich vun de Kryptowärungen sinn aktuell zu Lëtzebuerg ugesidelt?
    Wéi vill dovunner si Filialen a wéi vill si Mammegesellschaften?

  3. Wat fir konkret Schrëtt ënnerhëlt d’Regierung, fir ze garantéieren, datt weider Firmen aus dem Beräich vu Kryptowährungen zu Lëtzebuerg lancéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2481

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene