Méi Elektromobilitéit

D’Thema vun der Elektromobilitéit ass eng wichteg Moossnahm, fir ewech ze kommen vu Pëtrol a Gas zu méi Nohaltëgkeet an Ëmweltschutz. Et mécht eis och méi onofhängeg vun Diktaturen, déi eis fossil Brennstooffer verkafen. Nom Plang fir Klimaschutz an Energie (PNEC) sollen bis 2030 d’Halschent vun den Autoen op eise Stroossen elektresch ugedriwwe sinn.

Dovunner schénge mer awer nach wäit ewech ze sinn an ënnert dëser Regierung gouf de Kaf vun E-Autoen méi onattraktiv gemaach. An engem RTL-Artikel vun haut sot d’Mobilitéitsministesch dozou:

“Dat ka sinn. Mä ech mengen awer och, dass ganz vill Leit trotzdeem doriwwer ewechdenken a sech soen, dat doten ass eng gutt Saach. Och fir eist Klima. Ech mengen, den Elektroauto huet awer aner Avantagen an ech mengen, dass dat och d’Leit iwwerzeegt. Ech hoffen et op alle Fall. An dass esou Manifestatioune wéi déi heiten dann och de Leit weisen, de Confort vun engem Elektroauto an aner Avantagen”, sou d’Ministesch.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung vun den Virdeeler vun den Elektroautoen, wéi vu der Ministesch erkläert, iwwerzeegt?

  2. Ass d’Mobilitéitsministesch dovunner iwwerzeegt, dass d’Elektroautoe besser si wéi d’Verbrenner? Falls jo, wäert d’Regierung sech op EU-Niveau dofir asetzen, dass de Verbrenner-Aus gekippt gëtt, well wann d’E-Autoe besser sinn, brauch et jo kee Verbuet?

  3. Wéi vill reng Elektroautoe befannen sech aktuell am Fuerpark vun der Regierung?

  4. Wéi vill reng Elektroautoe goufen zënter 2024 ënnert der aktueller Regierung bäikaf?

  5. Wéi vill Autoen befannen sech insgesamt am Fuerpark vun der Regierung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2459

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene