Notzung vun der Energieprimm

 Stéit, deenen et finanziell net gutt geet, kënne beim Staat beim Fonds National de Solidarité eng Energieprimm ufroen (zousätzlech zur Allocation de vie chère). Dës Primm ass, wéi den Numm et seet, dofir geduecht, d’Stéit an hiren Energiekäschten z’ënnerstëtzen, also fir d’Stroum-, Gas oder Waasserrechnungen ze bezuelen.
D’Gesetz vun 2009 iwwert d’Sozialhëllef an d’Stroumgesetz gesi vir, dass net bezuelte Energierechnungen vum Office social iwwerholl ginn, “pour autant que le défaillant remplit les conditions d’éligibilité pour le droit à l’aide sociale.”
Et kënnt trotzdeem vir, dass Stéit d’Suen net fir Energie ausginn an am Office Social trotzdeem Ufroe kommen, fir net bezuelten Energierechnung integral z’iwwerhuelen. Esou Persoune kréien an deem Fall duebelt Geld fir dee selwechten Zweck, wärend aner Leit, déi hir Finanzen serieux geréieren, eidel ausginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass et dem Office social erlaabt, trotz dem Passage am Gesetz, net mussen d’Energierechnung ze bezuelen, wann de Subside guer net dofir genotzt ginn ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2426

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene