Notzung vu Militärfligeren – Nofro

Déi vireg Regierung hat verschidde Militärfligere fir Lëtzebuerg akaaft, dorënner een Airbus A330 MRTT (Multi-Role Tanker Transport), deen am Kader vun der NATO (EATC) zesumme mat anere Länner finanzéiert a genotzt gëtt. Wéi d’Rapportrice vum Gesetz deemools an der Chamber sot: “Wichteg ze soen ass, dass mer eis de facto heimadder kee Fliger kafen, mee mir hunn eis akaaft an e Pooling-and-Sharing-Programm, un deem e puer Länner deelhuelen an am Kader vun deem eeben e gemeinsame Pool vu Maschinne geréiert gëtt. […] Duerch dës Erhéijung hätt Lëtzebuerg amplaz vun den aktuellen 200 elo 1.200 Fluchstonnen zegutt, wat 12 % vum Programm entsprécht. […] 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch d’Flich oplëschten, déi am Kader vum MRTT-Programm an de Joren 2023, 2024 an 2025 duerchgefouert goufen? Falls dës Informatiounen aus Sécherheetsgrënn net kënne publizéiert ginn, kann d’Ministesch der zoustänneger Chamberskommissioun dës Lëscht am Huis clos präsentéieren?

  2. Fir wéi vill Fluchstonnen a fir wéi eng Zwecker sinn déi lëtzebuergesch Militärfligeren zënter dem Akraafttriede vum Gesetz genotzt ginn?

  3. Wéi vill Fluchstonne vu Militärfligeren goufen 2024 fir den Transport vu Regierungsmemberen oder héije Beamte benotzt (opgeschlësselt no Ministère an no Fligertyp)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2425

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene