Bauschuttdeponie am Raum Stengefort/Garnech

Aktuell existéieren, den Informatiounen um Geoportail no, zu Lëtzebuerg 15 gréisser Bauschuttdeponien, déi wichteg sinn, fir dass hei am Land weider um Wunnengsbau ka geschafft ginn. Et ass wichteg, dass d’Deponien no vun de Chantiere sinn, fir onnéideg Trajete mat de grousse Camionen ze reduzéieren. Wéi mer zougedroe gouf, soll am Westen am Raum Stengefort/Garnech eng weider Deponie opgemaach ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister informéieren, ob eng weider Deponie am Raum Stengefort/Garnech wäert opgoen?

  2. Wéi eng weider Deponië wäerte fir de Bausektor zu Lëtzebuerg souwéi an der noer Groussregioun an noer Zukunft bäikommen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2421

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene