Enkpass vun Pegasys

Et gouf un eis erugedroen, dass Patienten, déi op d’Medikament Pegasys ugewise sinn, zënter Méint mat grousse Problemer konfrontéiert sinn. Dëst Medikament, dat fir genetesch Krankheeten an aner schwéier Erkrankungen agesat gëtt, wier laut den Informatiounen déi mir kruten, an den Apdikten zu Lëtzebuerg net verfügbar. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ass d’Medikament Pegasys zanter Méint zu Lëtzebuerg net méi ze kréien, obwuel et an eisen Nopeschlänner (Däitschland, Frankräich) nach verfügbar ass?

  2. Firwat gëtt et keng Méiglechkeet fir e Remboursement vun der Krankekeess, wann e Patient aus der Nout eraus e liewenswichtegt Medikament am Ausland muss kafen, dëst awer an enger anerer Dosis wéi op der Lëscht vu positive Medikamenter, wëll si sech de Kaf vun der Dosis op der Lëscht net leschte kënnen?

  3. Wéi eng konkret Mesurë plangt d’Regierung fir dëse Versuergungsenkpass kuerzfristeg ze behiewen an zukünfteg Enkpäss bei essentielle Medikamenter ze vermeiden?

  4. Wéi gëtt sécher gestallt, datt Patiente mat seltenen oder genetesche Krankheeten den Zougang zu deenen néidege Medikamenter hunn, och wann dës net op der standardiséierter Remboursementslëscht stinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2358

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene