Sproochentest am Kader vum Erhalt vun der lëtzebuergescher Nationalitéit

D’Préiwung zu der Bewäertung vun der lëtzebuergescher Sprooch ass eng vun de Prozeduren, déi am Kader vum Erhalt vun der lëtzebuergescher Nationalitéit duerchgefouert gëtt.  Am betreffende Gesetz seet den Artikel 15: Sur demande motivée, le ministre peut dispenser le demandeur de l’examen d’évaluation de la langue luxembourgeoise lorsque son état de santé physique ou psychique le met dans l’impossibilité d’apprendre cette langue. Un certificat émanant d’un médecin spécialiste doit être joint à la demande. Le demandeur peut être entendu par le délégué du ministre. En cas de doute, le ministre peut ordonner une expertise médicale.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fäll sinn et an de leschte 5 Joer ginn, ventiléiert no état de santé physique an psychique, wou de Sproochentest am Kader zum Erhalt vun der lëtzebuergescher Nationalitéit net huet misse gemaach ginn ? 

  2. A wéi ville Fäll huet de Minister eng expertise médicale veruerdent, esou wéi Gesetz et virgesäit am Zweiwelsfall? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2395

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt