UN Open Source Principles

Rezent huet Frankräich als éischt Regierung déi aacht “UN Open Source Prinzippien” offiziell ënnerstëtzt. Dëst ass eng wichteg Initiativ vum UN Open Source United, déi e Kader fir d’Benotzung, d’Entwécklung an d’Deele vun Open Source Software innerhalb vun de Vereenten Natiounen a weltwäit fërdert.
Digital Onofhängegkeet ass haut e kritesche Faktor fir d’Souveränitéit vun engem Land. Open Source Software ass dobäi e Schlësselelement, fir technesch Ofhängegkeete vu grousse proprietäre Software-Ubidder ze reduzéieren a staatlech Infrastruktur méi resilient, sécher an nohalteg ze gestalten. Duerch Open Source hätt och Lëtzebuerg d’Méiglechkeet, méi Kontroll iwwer seng digital Infrastruktur ze behalen an d’Onofhängegkeet vum Land ze stäerken.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Lëtzebuerger Regierung informéiert iwwer dës UN Open Source Prinzippien?

  2. Plangt d’Regierung, dës Prinzippien ze ënnerstëtzen, änlech wéi Frankräich et gemaach huet? Falls net, wat sinn d’Grënn dofir, besonnesch am Hibléck op d’Wichtegkeet vun Open Source fir eis digital Souveränitéit a fir d’Reduktioun vun der Ofhängegkeet vu proprietäre Softwareléisungen?

  3. Wéi eng Roll spillt Open Source Software an der aktueller an zukünfteger Digitaliséierungsstrategie vu Lëtzebuerg?

  4. Wéi steet d’Regierung zu der Ëmsetzung vum “Open by default” Prinzip an ëffentlechen Administratiounen a staatleche Projeten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2345

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene