Reklamm vun der SNHBM op engem belsche Radiosender

Eis gouf zougedroe, dass an de leschten Deeg op dem belsche Radiosender “Classique 21” Reklamme vun der Société Nationale des Habitations à Bon Marché (SNHBM) ze héiere waren, fir hire Wunnengsprojet Elmen zu Lëtzebuerg ze promouvéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat sinn d’Grënn, firwat d’SNHBM op engem belsche Radiosender Reklamme schalt? Ginn och op aneren auslännesche Chaînë Reklamm fir dëse Wunnprojet gemaach?

  2. Wéi héich sinn d’Käschte fir dës Reklamm-Campagne?

  3. Wéi eng Zilgrupp soll mat dëser spezieller Reklamm-Strategie erreecht ginn?

  4. Ass dëst Deel vun enger méi breeder Strategie, fir och Leit aus dem Ausland fir Wunnenge vun der SNHBM zu Lëtzebuerg unzezéien?

  5. Wéi steet dëst am Aklang mat der primärer Missioun vun der SNHBM, bezuelbare Wunnraum fir d’Lëtzebuerger Residenten ze schafen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2344

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene