Wat kascht et fir den Auto opzelueden?

D’Opluedstruktur an de Präis sinn ëmmer nach zwee vun de wichtegste Facteure wann et ëm d’Promotioun an d’Akzeptanz vun Elektroautoe geet. Besonnesch d‘Transparenz bei dem Oplueden, sief et iwwert d’Reechwäit, d’Geschwindegkeet vum Lueden an och de Präis, spillen eng essenziell Roll wann et dorëms geet d’Konsumenten ze iwwerzeegen an ze fideliséieren. D’Firma E.ON huet an Däitschland elo sougenannte T-Sailen agefouert, Sailen déi de genaue Standuert vun de Statiounen, d’Disponibilitéit vun de Sailen a virun allem och iwwert de genaue Präis pro Kilowatt informéiert. Hei zu Lëtzebuerg ginn et aktuell digital Kaarte wou d’Luedstatioune sinn, awer zum Beispill déi reell Luedgeschwindegkeet an och de Präis sinn oft genuch net affichéiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gesäit de Ministère d’Responsabilitéit vun der Transparenz eleng bei de Fournisseuren oder wat fir eng Efforte plangt de Ministère um Niveau vun der Transparenz wat d’Oplueden zu Lëtzebuerg betrëfft ? 

  2. Ass Transparenz e Krittär an dem Cahier de charges wann et ëm d’Gestioun vun de Luedstatiounen zu Lëtzebuerg geet ? 

  3. Envisagéiert de Ministère änlech Informatiounssailen wéi uewe beschriwwen hei zu Lëtzebuerg opzestellen ? Falls net, aus wéi enge Grënn ? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2339

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene