Service d’accueil et d’information juridique

Bierger:innen, déi Informatiounen iwwert d’Justiz brauchen, kënnen sech un de  Service d’accueil et d’information juridique vum Parquet général wenden. Dësen informéiert d’Leit generell iwwert Prozeduren an Ulafstellen. Et existéiert ee Guichet an der Stad an och een zu Dikrech an dëse Service ass gratis. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Beamt:innen assuréieren dëse Service a wéi vill Aarbechtsstonne vum Personal si fir de Service virgesinn (ETP)?

  2. Wéi vill Bierger:innen hunn de Service an de vergaangenen 3 Joren an Usprooch geholl (opgeschlësselt pro Joer, pro Geriicht a pro Domaine (civil, pénal, travail, bail à loyer)?

  3. Wéi de Minister fir d’Fonction publique op d’Fro 1890 bestätegt, ass all selwer Ministère fir d’Servicequalitéit an d’Reklamatiounen a senge Verwaltungen zoustänneg.
    Gouf an de leschte Joren eng Evaluatioun vun der Qualitéit vun deem Service gemaach? Falls jo, kann d’Ministesch d’Resultater vun dëser Evaluatioun deelen? 

  4. Wéi de Minister fir d’Fonction publique op d’Fro 1890 bestätegt, ass all selwer Ministère fir d’Servicequalitéit an d’Reklamatiounen a senge Verwaltungen zoustänneg.
    • Gouf an de leschte Joren eng Evaluatioun vun der Qualitéit vun deem Service gemaach? Falls jo, kann d’Ministesch d’Resultater vun dëser Evaluatioun deelen?
    • Wéi eng Verbesserungen wäerten am Service gemaach ginn, fir z’assuréieren, datt d’Bierger:innen déi néideg a richteg Informatioune kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2338

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt