Während der COVID-19-Kris war de lëtzebuergesche Loftfaartsecteur staark betraff an déi lëtzebuergesch Fluggesellschaft LUXAIR huet zu dësem Zäitpunkt eng Rëtsch Mataarbechter u Ministèren a Verwaltungen dierften detachéieen.
Notamment goufe bei der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère d’Equippe vun der Contact Tracing an der Health Helpline duerch eng ronn 70 Mataarbechter vun de aus dem LUXAIR-Grupp verstäerkt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Sinn haut nach ëmmer Mataarbechter vum LUXAIR-GRUPP beim Lëtzebuerger Staat detachéiert? Wa jo,
• wéi vill a wat fir Verwaltunge schaffen dës LUXAIR-Mataarbechter?
• firwat sinn des Mataarbechter nach ëmmer an engem Detachement beim Lëtzebuerger Staat?
QP Nummer 2332