Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Inklusioun vu Schüler mat besonnesche Besoinen an der École Internationale Mondorf-les-Bains

Den 2. Mee 2025 huet d’ZEFI asbl (Zesumme fir Inklusioun) e Bréif un déi ëffentlech École Internationale Mondorf-les-Bains geschéckt, fir d’Situatioun vun engem Schüler ze klären, deen eng Diagnos vun Autismus Spektrum Stéierung (ASS) huet.
D’EIMLB huet d’Ufro vun der Aschoulung ofgeleent mat der Begrënnung, datt si keng spezialiséiert Ressourcen hu fir Schüler mat spezifesche Besoinen ze ënnerstëtzen, a datt d’S6-Klass op de Baccalauréat virbereet. D’Elteren an d’ZEFI asbl sinn awer der Meenung, datt eng inklusiv Scolarisatioun méiglech wier mat Ënnerstëtzung vun engem Assistent an der Interventioun vum CTSA.
D’Directioun générale de l’intégration huet fir de Schouljoer 2024/2025 eng Recommandatioun ausgestallt, datt de betraffene Schüler an eng 6e PF (classe de préparation francophone) orientéiert soll ginn. Wéinst der geographescher Distanz vun de proposéierte Schoulen, wier et am Interêt vum Schüler, datt e fir déi nächst zwou Joer an der EIMLB zu Munneref kéint aschoult ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Ministère iwwert dëse Fall informéiert a wat ass säi Standpunkt zur Inklusioun vu Schüler mat besonnesche Besoinen an den ëffentlechen Écoles Internationales zu Lëtzebuerg?

  2. Wéi kann d’Commission nationale d’inclusion (CNI) an dëser Situatioun intervenéieren, fir déi néideg human Ressourcen zur Verfügung ze stellen?

  3. Ginn et Richtlinnen oder Obligatioune fir déi ëffentlech Écoles Internationales zu Lëtzebuerg, fir Schüler mat besonnesche Besoinen opzehuelen an ze ënnerstëtzen, besonnesch wann d’Schoul déi eenzeg am Regioun ass?

  4. Wéi garantéiert de Ministère, datt d’Recht op eng inklusiv Educatioun, wéi et am Lëtzebuerger Gesetz an an der UN-Konventioun iwwer d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerunge festgehalen ass, och an den ëffentlechen Écoles Internationales respektéiert gëtt?

  5. Wéi vill Schüler mat besonnesche Besoine sinn aktuell an den ëffentlechen Écoles Internationales zu Lëtzebuerg aschoult a wéi eng Ënnerstëtzung kréien si?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2301

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll