Spueren bei den Infrastrukturen

Punkt fir op den Ordre du Jour vun der Kommissioun fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Här President, Ech bieden drëms, dëse Bréif un de President vun der Kommissioun fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weiderzeleeden, fir ee Punkt op den Ordre du Jour vun der nächster Kommissiounssitzung ze setzen. De Premierminister hat a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert, dass bei den Infrastrukturen verschidde Projetë solle verschiebt ginn, fir dës Suen an d’Défense z’investéieren: “[…] duerch eng nei Prioriséierung vun den Ausgaben. Déi nächst Budgete wäerte besser reflektéieren, dass net all Infrastrukturprojet zum selwechte Moment prett ass.” (Säit 11/39 vum Premierminister senger Ried) Ech géif gären d’Mobilitéitsministesch an d’Kommissioun invitéieren, fir eis z’erklären, wéi eng Infrastrukturprojeten domadder gemengt sinn an der Kommissioun z’erklären, wéi vill Suen domadder gespuert ginn.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene