Congé sportif

Eent vun den Haaptziler vun der Reform vum Congé sportif war d’Ënnerstëtzung an d’Unerkenne vum Benevolat am Beräich vum Sport, an Absënns an de Sportfederatiounen an an de Sportsveräiner.

Déi néi Gesetzgebung ass den 1. Januar 2024 a Kraaft getrueden. An engem rezenten Interview an enger Lëtzebuerger Dageszeitung weist de Sportminister sech relativ enttäuscht iwwert de Bilan vum 1. Joer nom Akraafttriede vum neie Gesetz. Och huet hie gemengt, dass de Secteur eventuell net genuch Informatiounen hätt.
Aus dem Aktivitéitsbericht vum Sportsministère fir 2024 geet ervir, dass fir d’Joer 2024 insgesamt 853.625,64€ am Kontext vum Congé sportif ausbezuelt gi sinn, obwuel am Budget fir dat Joer 2,1 Mio € virgesi waren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister een Tableau vum Congé sportif mat der Zuel vun den Demanden, der Zuel vun de gefrote Stonnen, der Zuel vun den accordéierten Demanden an der Gesamtzuel vun den Ausgabe vun de Joren 2018-2024 (opgeschlësselt pro Joer) opstellen?

  2. Laut Aktivitéitsbericht 2023 huet missen een Deel vun den Ausgabe vun 2023 op d’Joer 2024 imputeiert ginn –  em wat fir ee Betrag handelt et sech hei?

  3. Den 12. Dezember 2023 huet den haitege Sportminister eng Circulaire iwwert de Congé sportif un d’Sportfederatioune geschéckt, déi ee Kompetitiounssport bedreiwen, obwuel de reforméierte Congé sportif sech och un déi Benevole vun de Federatiounen an de Veräiner riicht, déi kee Kompetitiounssport bedreiwen.
    Firwat ass des Circulaire net un all unerkannte Sportfederatioun geschéckt gi mam Opruff ze och un hier Veräiner weiderzeleeden?

  4. Ass de Sportminister, dass a senger Amtszäit bis elo genuch respektiv iwwerhaapt déi neidesch Informatiounen iwwert déi néi Modalitéite vum Congé sportif am Sportssecteur ukomm sinn?

  5. Firwat gouf net am Joer 2024 eng weider, méi informativ Circulaire un all Sportverbänn a Sportveräiner am Land adresséiert?

  6. Firwat gouf an der grouss ugeluechte Campagne „Gamechangers – fir e staarke Benevolat am Sport“ net iwwert déi néi Modalitéiten am Beräich vum Congé sportif kommunizéiert?

  7. Am Kontext vun der Reform vum Congé sportif sollt och parallel un engem Informatiksprogramm geschafft ginn. Wou sinn des Beméiungen, iwwert e Joer nom Akraafttriede vum neie Gesetz, drun?

  8. Laut Aktivitéitsbericht 2024 ass d’Zuel vun de Congésdeeg fir déi sougenannten «administrativ Aarbecht» un d’Zuel vun de Kompetitiounslizenzen gebonnen. Fakt ass awer, dass och Sportfederatiounen a Sportsveräiner, déi kee Kompetitiounssport maache, Congé sportif ze gutt hunn.
    • Wéi vill vun den am Joer 2024 1287 Veräiner falen net ënnert de Kompetitiounssport?
    • Wéi vill Responsabeler vun dëse Veräiner hunn eng Demande fir de Congé sportif gestallt?
    • Wéi vill Responsabeler vun enger unerkannter Sportfederatioun, déi awer net am Kompetitiounssport täteg ass, hunn eng Demande fir de Congé sportif gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2249

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene