Situatioun am Quartier Gare

D’Situatioun am Quartier Gare zu Lëtzebuerg-Stad gëtt ëmmer méi problematesch, wéi rezent Berichter an engem Artikel vum 24. Abrëll 2025 am “L’essentiel” weisen. Awunner beschwéieren sech iwwert Persounen, déi an hire Gebaisentréeën iwwernuechten, Dreck hannerloossen a fir Onrou suergen. Et ass wichteg ze verstoen, datt Obdachlosegkeet kee Verbriechen ass, mee eng sozial Problematik, déi adequat Mesuren erfuerdert.
D’Bewunner sinn am Kontakt mat der Police an de lokalen Autoritéiten, mee d’Léisungen, déi bis elo ugebuede goufen, schéngen net ausräichend ze sinn. Et ass d’Verantwortung vun eiser Gesellschaft, deene Mënschen ze hëllefen déi um Rand stinn, an zesummen eng Léisung ze fannen, déi d’Wuelbefanne vun allen Awunner an de Respekt vun der Mënschewürd garantéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Moossname plangt de Minister ze huelen, fir déi aktuell Obdachlosesituatioun am Quartier Gare ze verbesseren an den Awunner hir Liewensqualitéit ze garantéieren?

  2. Wéi eng Statistike leien dem Ministère iwwer d’Unzuel vun Obdachlose vir, a wéi vill Schlofplaze sinn aktuell an den Noutënnerkënft disponibel?

  3. Firwat ginn déi existéierend Hëllefsoffere scheinbar net ugeholl vun deene betraffene Persounen an huet de Ministère eng Strategie fir dës Hëllef besser zougänglech ze maachen?

  4. Wat fir multidisziplinär Approche plangt de Minister mat anere Ministèren (z.B. Inneministère, Gesondheetsministère) fir net nëmmen d’Symptomer, mee och d’Ursaache vun der Obdachlosegkeet ze bekämpfen?

  5. Wéi eng konkreet laangfristeg Projete ginn et, fir Persounen déi reegelméisseg am Quartier Gare iwwernuechten eng stabil Wunnsituatioun unzebidden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2262

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt