Den 28 Abrëll 2025, huet d’Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit den „Centre national pour victimes de violences (CNVV) a Präsenz vum Educatiounsminister, der Gesondheetsministesch an der Justizministesch ageweit. Dës zentral Ulafstell empfänkt, och ausserhalb vun de Bürosstonnen, all Persoun, erwuessen oder mannerjäreg, déi Affer vun all Zort vu Gewalt ginn ass, déi dann do op enger Plaz eng psychosozial Ënnerstëtzung, eng medezinesch Hëllef, polizeilech Hëllefsstellung mat Plainte a juristescher Berodung kritt, an dëst vun enger pluridisziplinärer Ekipp.
Parallel dozou gëtt allerdéngs och äifreg un enger neier Ausriichtung vun der ALAD geschafft, déi dann esou ewéi nozeliese war den „ point de contact centralisé“ fir all Signalement vu Gewalt am Lëtzebuerger Sport soll ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
War de Sportminister net op d’Aweiung vum CNVV invitéiert, respektiv firwat war hien do net präsent?
-
Ass déi néi Struktur och geduecht fir Affer vu Gewalt, op Erwuessenen oder Kand, am Beräich vum Sport?
-
Mussen dës Affer fir d’éischt bei déi reforméiert ALAD goen ier se da vun do bei den CNVV geschéckt ginn?
-
Ginn et hei net Iwwerschneidungen oder ginn et awer eventuell Synergien am Sënn vun den Affer vu Gewalt an Absens an der Sportswelt?
-
Wäert de Sportminister an dësem Sënn déi neidesch Informatiounen un d’Sportverbänn respektiv un d’Sportsveräiner ginn a wa jo, wéini?
QP Nummer 2273