Lächer an den Zänn

Zënter dësem Joer ass et verbueden, fir Quecksëlver (Mercure) an Zännplomben ze verwennen. D’Zänndokteren mussen an Zukunft Lächer an den Zänn ouni Quecksëlver fëllen. Am nationalen Aktiounsplang vu Lëtzebuerg ass virgesinn, dass d’Nomenclature dofir muss ugepasst ginn, fir dass d’CNS déi nei Zahnlachfëllungen kann iwwerhuelen a rembourséieren.
Mir ass awer zougedroe ginn, dass d’Nomenclature nach net ugepasst gouf an Ersatzplombagen net rembourséiert ginn, soudass d’Patienten op de Käschte sëtze bleiwen an dëst och nach zu méi héijen Tariffer.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi eng Alternativen zum Quecksëlwer iwwerhëlt a rembourséiert d’CNS aktuell an zu wéi engen Tariffer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2243

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene