Jugendschutz – Wéi vill Mannerjäreger sinn a Prisongen fir Erwuessener?

D’UN-Kannerrechtskonventioun gesäit Folgendes vir:

“En particulier, tout enfant privé de liberté sera séparé des adultes, à moins que l’on estime préférable de ne pas le faire dans l’intérêt supérieur de l’enfant (…)” (Artikel 37c).

D’lescht Joer hat de Marc Goergen a senger parlamentarescher Fro n°595 gefrot, wéi vill Jugendlecher insgesamt zu Lëtzebuerg an engem Prisong ënnerbruecht goufen. D’Zuelen aus der Äntwert vum Minister weisen, dass säit 1992 ëmmer erëm Jugendlecher a Strukturen fir Erwuessener ënnerbruecht goufen. Wärend déi international Normen d’Placéiere vu Mannerjäregen a Prisongen kloer als Ausnam definéieren, ass dës Praktik zu Lëtzebuerg also säit ville Joren duerchaus geleefeg. 

An deem Zesummenhang huet de Marc Goergen der Madamm Justizministesch dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op d’Fro n°595 feelen déi gefroten Zuelen aus de Joren 2014, 2016 an 2017. Wéi vill Mannerjäreger sinn am Zäitraum vun 2014 bis 2019, wann och nëmmen temporär, an engem vun de Prisongen zu Lëtzebuerg placéiert ginn?
  2. Wéi laang waren déi eenzel Jugendlech tëscht 2014 an 2019 all Kéiers am Prisong inhaftéiert?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene