Reesrecommandatioune fir LGBTQ+ Persoune fir Reesen an d’USA

Rezent hunn Holland, Däitschland, Finnland an och d’Belsch hir Reesrecommandatioune fir LGBTQ+ Persounen, déi an d’USA reesen, verschäerft. Dës Ännerunge sinn eng Reaktioun op d’Politik vun der neier Trump-Administratioun, déi verschidde Schutzmoossname fir sexuell Minoritéiten ofgeschaaft huet, dorënner d’Aféierung vun enger strikt binärer Geschlechteridentifikatioun (männlech oder weiblech) op Päss a Visaen.
Den hollänneschen Ausseministère huet elo an hirem Reesportal präziséiert, dass “Gesetzer a Gebräicher an den USA vis-à-vis vun LGBTQI+ Leit vun deenen an Holland ofwäiche kënnen.” Dës Ännerung ersetzt eng fréier Ausso, déi uginn huet, dass d’US-Gesetzer “vergläichbar mat deenen an Holland” wieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Lëtzebuerger Regierung virgesinn, hir Recommandatioune fir LGBTQ+ Persounen, déi an d’USA reesen, och ze verschäerfen?
    • Falls jo, wéi eng konkret Ännerungen si geplangt a wéini ginn dës ëmgesat?
    • Falls nee, op wéi enger Basis huet d’Regierung decidéiert, hir aktuell Rotschléi bäizebehalen?

  2. Wéi eng Moossname sinn aktuell en place fir d’Sécherheet an d’Wuelbefanne vun LGBTQ+ Lëtzebuerger Bierger am Ausland ze garantéieren, besonnesch a Länner wou hir Rechter ageschränkt ginn?

  3. Gesäit d’Regierung vir, dëst Thema bei bilateralen oder multilateralen Treffe mat den USA unzeschwätzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2154

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt