US-Tariffs op Autoen an Autodeeler

D’Ukënnegung vum US-President Donald Trump fir zousätzlech Douanentariffer vun 25% op Autoen an Automobildeeler anzeféieren huet Bedenken iwwert hir wirtschaftlech Auswierkungen op d’europäesch Wirtschaft, dorënner och Lëtzebuerg, ausgeléist. Laut dem Wirtschaftsexperte Ruben Dewitte vun der ING kéint den direkten a méi indirekten Impakt op d’Lëtzebuerger Wirtschaft trotz enger limitéierter direkter Expositioun vu just 0,13% vum PIB, bis zu 0,98% vum PIB erreechen, well eist Land eng wichteg Roll a regionalen Handelsflëss spillt.
Lëtzebuerg exportéiert Wueren am Wäert vun 515 Milliounen Euro an d’USA, wat 15,8% vun eisen extrakommunitären Exporter entsprécht. Och wann eist Land haaptsächlech eng Servicewirtschaft ass, kéinten d’Douanentariffer indirekt Lëtzebuerg treffen andeems se negativ op europäesch Wäertschöpfungsketten wierken, an deenen och lëtzebuergesch Servicer a Produkter agebonnen sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Lëtzebuerger Betriber a Salariéen sinn direkt betraff vun den neien US-Douanentariffer, besonnesch am Automobilsektor a senge Zouliwwerer?

  2. Kann d’Regierung d’Schätzungen, déi am Artikel vum Paperjam publizéiert goufen, confirméieren, datt d’Auswierkungen op de lëtzebuerger PIB bei ongeféier 0,98% leien?

  3. Wat sinn d’Schätzungen vun der Regierung iwwert potentiell Akommes- a Steierverloschter fir de Staat?

  4. Wéi eng Moossnamen plangt d’Regierung fir betraffe Lëtzebuerger Betriber ze ënnerstëtzen a potenziell Aarbechtsplazverloschter ze vermeiden?

  5. Wéi eng Strategie huet d’Regierung am Kader vun der EU-Handelspolitik, fir d’Lëtzebuerger Wirtschaftsinteressen ze verdeedegen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2155

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene