Airbnb

Digital Plattforme wou een eng Wunnecht fir d’Vakanz loune kann, sinn an de leschte 5 Joer exponentiell gewuess. Besonnesch Plattforme wou privat Leit ouni gréisseren Opwand Leit hebergéiere kënne si mat der Plattform Airbnb immens populär ginn. 2023 sinn iwwert esou Plattforme bal 719 Milliounen Nuechten an der Europäescher Unioun gebucht ginn. 2022 waren et der 597 Milliounen, 2021 364 Milliounen.  Esou eng Popularitéit bréngt leider oft och Gefore mat sech. Esou ginn et laut enger Etude vun Airbnb a Groussbritannie besonnesch oft Kreditkaartebedruch, Phishing an och falsch Annoncen (zum Beispill mat KI-generéierte Fotoen déi net der Realitéit entspriechen)  vun den Affer als heefegst negativ Erfarunge genannt.  Och zu Lëtzebuerg ginn et laut eisen Informatioune bei der Police zum Beispill ëmmer méi Fäll, wou eidel Haiser ouni Autorisatioun a besonnesch vu Leit deenen déi betraffen Haiser net gehéieren ugebueden.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fäll vu Bedruch a passend Plainten si bei der Police am Kader vun den uewe genannte Plattformen an de leschte 5 Joer (pro Joer opgelëscht) enregistréiert ginn? 

  2. Wéi eng verschidden Aarte vu Bedruch ginn an dësem Kontext enregistréiert?

  3. Plangt de Ministère hei verstäerkt op d’Geforen hinzeweisen?

  4. Plangt de Ministère an dësem Kontext Entrevuen, zum Beispill mam Konsumenteschutz oder mat den Assurancen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2150

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene