Kannerbetreiung a wat et kascht

Elteren, déi hier Kanner an eng Crèche oder Maison Relais ginn, kréien eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat iwwert de Chèque-Service d’Accueil (CSA).

Wien säi Kand an eng ëffentlech Crèche schéckt, bezillt ee Präis, dee sech um Akommes vun den Eltere riicht. Dëst ass awer meeschtens just an ëffentlechen Betreiungsstrukturen de Fall, vun deenen et net genuch gëtt a wou d’Waardelëschten, jee no Gemeng, honnerte Kanner laang sinn. Hei leet de Staat maximal 6€/Stonn bei a vill Elteren bezuelen hei honnerten oder an de Schoulvakanzen souguer dausenden Euro, fir hir Kanner betreit ze kréien.

De 5te Mee 2022 war dowéinst an der Chamber den ëffentlechen Debat zur Petitioun n°2061 “Ënnerstëtzung fir d’Elteren deenen hier Kanner NET an eng Maison relais ginn”. «Wir werden nicht alle in den Maisons Relais aufnehmen können», esou huet L’essentiel een Artikel vum 2te Juli 2022 getitelt.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kanner hunn 2023 an 2024 vum CSA profitéiert?

  2. Wéi vill Euro leet de Staat an der Moyenne pro Kand an enger Crèche bäi (den aktuellsten Zuelen no)? Wéi vill an enger Maison relais?

  3. Wéi hu sech d’Gesamtkäschten fir den CSA tëschent 2023 an 2024 entwéckelt?

  4. Wéi vill privat gefouert Crèchen existéieren hei am Land a wéi vill Kanner waren 2024 a private Crèchen ageschriwwen? 

  5. Wéi vill ëffentlech gefouert Crèchen existéieren hei am Land a wéi vill Kanner waren 2024 an ëffentleche Crèchen ageschriwwen?

  6. Wéi vill privat gefouert Maisons relaisen existéieren hei am Land a wéi vill Kanner waren 2024 an dësen ageschriwwen? 

  7. Wéi vill ëffentlech gefouert Maisons relaisen existéieren hei am Land a wéi vill Kanner waren 2024 an dësen ageschriwwen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2152

Virëg QPen

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene