TICE-Linn 17 zu Monnerech

An der Käler Gemengerotsitzung vum 12te Mäerz hat ee Vertrieder vum TICE erkläert, dass de Staat – also de Mobilitéitsministère – d’TICE-Buslinn 17, déi d’Gemeng Monnerech mat bedingt, net méi wéilt subventionnéieren. De Grond wier, dass d’Gemeng Monnerech net Member am TICE-Syndikat ass. D’Gemeng soll hei direkt selwer mam Staat verhandelen. Et stellt sech d’Fro, wien dobäi gewënnt, wann dës Linn an Zukunft un den RGTR ausgelaagert gëtt, aplaz d’Situatioun esou ze beloossen, wi se ass. Och de City-Bus zu Diddeleng soll an Zukunft vum RGTR iwwerholl ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch erklären, firwat den TICE d’Gemeng Monnerech net méi ufuere soll an de Staat dës Streck net méi wëll iwwert den TICE subventionnéieren, mee iwwert den RGTR?

  2. Wéi eng weider TICE-Arrête wëll d’Ministesch net méi iwwert den TICE bezuelen a wie wäert dës Arrêten an Zukunft bedéngen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2146

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene