al Atertlinn

Lëtzebuerg huet fir seng Verhältnisser een zimmlech gutt opgespaanten Zuchnetz, dat an all Himmelsrichtungen vum Land an d’Haaptstad féiert. D’Schinnenetz wäert déi nächst Joren nach weider wuessen mam Bau vu weideren Tramstrecken bis op Belval. 

Et besteht och nach d’Méiglechkeet, fir al Zuchstrecken ze reaktivéieren, zum Beispill déi al Atertstreck tëschent Klengbetten a Stengefort oder Ettelbréck a Biissen, wou haut nach Schinnen leien. Am nationale Mobilitéitsplang 2035, deen déi virëg Regierung decidéiert huet, steht awer, dass een dës Strecken net wéilt erëm beliewen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steht dës Regierung zu enger Reaktivéierung vun der aler Atertlinn fir de Persouneverkéier?

  2. Am Fall vun enger negativer Äntwert op di virëg Fro: fir wat wäerten d’Terrainen vun der aler Atertlinn, déi dem Staat gehéieren, an Zukunft genotzt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2123

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene