Unzuel vu Mises en demeure am Beräich vun de Bildungs- a Betreiungsstrukturen

Aus der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1838 ass ersiichtlech, datt an de leschte Joren d’Unzuel vun de Mises en demeure dramatesch geklomm ass, besonnesch am Beräich vun de Bildungs- a Betreiungsstrukturen (SEA). D’Hausse vu 17 Mises en demeure am Joer 2020 op 175 am Joer 2024 ass alarmant a weist op e fundamentale Problem am System hin.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat huet et bis 2023 gedauert, fir d’Kontrollmechanismen “nei opzestellen”, wann d’Qualitéit vun der Kannerbetreiung schonn zënter laangem e wichtegt gesellschaftlecht Uleies ass?

  2. Wéi erkläert de Minister, datt 115 Strukturen an deene leschte fënnef Joer méi wéi eng Mise en demeure kritt hunn? Wat sinn d’Konsequenze fir Strukturen, déi widderholl Verstéiss opweisen, ausser dem Entzuch vum Agrement?

  3. De Personalmangel respektiv de Mangel u net genuch qualifizéiertem Personal gëtt als ee vun den Haaptgrënn fir Verstéiss genannt. Wat ënnerhëlt d’Regierung konkret, fir deem entgéintzewierken? Wéi eng budgetär Mëttel gi konkret investéiert, fir déi desolat Situatioun ze verbesseren?

  4. Am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille (AEF) ginn et Fäll vu “Mise en danger – Abus” bei Fleegefamillen. 

    Ëm wéi eng konkret Fäll handelt et sech hei a wéi séier war d’Interventioun vum Ministère? Wéi gëtt garantéiert, datt betraffe Kanner direkt eng sécher Plaz kréien?

  5. Wéi eng Moossname sinn a Planung, fir déi massiv Zounam vu 400% bei de Mises en demeure tëscht 2022 an 2023 ze reduzéieren? Gesäit de Minister dëst als en Zeeche vun engem strukturelle Versoen am ganze Secteur?

  6. Gëtt et e Kriseplang, fir déi 175 Mises en demeure am Joer 2024 ze bewältegen a wéi eng zousätzlech Ressourcë ginn agesat, fir dëser extreemer Situatioun Här ze ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2092

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene