Satelittenkonten am Sport

An engem rezenten Interview huet de Sportminister et bedauert dass et keng statistesch Zuelen iwwer de Sport zu Lëtzebuerg géif ginn an hien dowéinst un den Direkter vum STATEC erugetruede wär. Elo ass et awer esou, dass am Dezember 2021 schonn déi sougenannte Satelittenkonten am Sport  („compte satelittes du sport“) vun de Joren 2016-2020, an Zesummenaarbecht ebe mam STATEC, publizéiert goufen. No ville Beméiungen an och groussen Investissementer ass eng Method opgestallt gi fir d’Resultater vun de Satellitenkonten all Joers kënnen ze publizéieren. Och ass deemools an deem Kader eng interessant Etüd iwwert de Benevolat am Sport publizéiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat sinn zanter dem Joer 2021 keng weider Satellitenkonten publizéiert ginn, wëssend, dass dës interessant Zuelen iwwer de Sport zu Lëtzebuerg ervirbruecht hunn ?

  2. Gedenkt d’Regierung des Satellitenkonten, mat der Hëllef vum STATEC,  erëm opzestellen an esou ënnert anerem d’Evolutioun vun 2021-2024 siichtbar ze maachen?
    • Wann nee firwat net ?
    • Wann jo , gedenkt d’Regierung des Satellitenkonten dann nees fir all Joer opstellen ze loossen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2109

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene