Zuchbarrière zu Luerenzweiler

Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam mécht. D’Barrière wier reegelméisseg zou an an deem Fall kommen d’Awunner hannert der Barrière net méi op déi aner Stroossesäit. Deen eenzeg gepléischterte Wee eraus féiert iwwert d’Vëlospisten hannerem op Hënsdref. Wéi een aneren Notzer erkläert, ass dat de Fall, wann ee lokale Schantje vun den CFL op där Plaz waren an den Automatikbetrieb vun der Barrière bis op Weideres annuléiert gëtt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch bestätegen, dass d’Barrière op dëser Plaz an der leschter Zäit reegelméisseg gespaart war?

  2. Wéi kommen d’Rettungsdéngschter op d’Plaz, wann d’Barrière zou ass?

  3. De Passage à niveau soll an Zukunft ewechgeholl ginn (Nouvelle liaison Lorentzweiler – Hunsdorf Suppression du Passage à niveau PN20b). Wéini wäerten d’Aarbechten viraussichtlech ofgeschloss sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2112

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene