Ausbildung an engem medezinesche Beruff ausserhalb vun der EU

Et gëtt ëmmer méi Leit déi hir Ausbildung an de medezinesche Beruffer ausserhalb vun der Europäescher Unioun ofgeschloss hunn an déi hir Fäegkeeten am Déngscht vun der lëtzebuergescher Gesellschaft wëllen abréngen. Aktuell ginn et awer nach vill Hürden, déi dës Leit iwwerwanne mussen, fir kënnen hei am Land ze schaffen. Grad an Zäite, wou Lëtzebuerg ënnert engem Manktem u qualifizéiertem Gesondheetspersonal leid, wier et wichteg fir d’Prozeduren ze vereinfachen an de Wee an d’Beruffsliewen ze erliichteren. Doduerch kéint een och der Diversitéit an eisem Gesondheetssystem Rechnung droen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Mesurë gesäit de Ministère fir, fir de Prozess vun der Unerkennunge vun den Diplomer aus Drëttlänner méi einfach ze gestalten?

  2. Wéi kann een d’Kompetenzen an d’Erfarunge vun de Leit mat Ofschlëss aus Net-EU-Länner besser an eise Gesondheetssystem integréieren?

  3. Wéi wëll de Ministère verhënneren, datt qualifizéiert Leit aus dem Ausland ofgeschreckt ginn, fir sech hei am Land ze engagéieren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2072

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene