bilateral Aidë fir de Ruanda

De Konflikt tëscht dem Kongo an dem Ruanda huet sech zënter Januar dramatesch zougespëtzt an de Bilan vun den Doudege klëmmt vun Dag zu Dag. Am Januar huet sech de Konflikt verschäerft, nodeems M23-Milizen aus dem Ruanda an d’Nopeschland Kongo agefall sinn. Honnertdausende Mënsche goufe verdriwwen a mat all Dag huelen d’Berichter iwwert Vergewaltegunge vu Fraen a Kanner souwéi Hiriichtungen a Morden zou. Mat der Präsenz vun de Milizen am Kongo verletzt de Ruanda d’Vëlkerrecht, d’UN-Charta an déi territorial Integritéit vum Kongo, dës Milize ginn nämlech vum Ruanda ënnerstëtzt. Eng Rei Länner, wéi zum Beispill Däitschland, hunn antëscht hir Hëllefen fir de Ruanda ausgesat.

De Ruanda ass och ee Partner vu Lëtzebuerg an erhält an deem Kader och grouss finanziell Aidë, vun deenen och d’Regierung am Ruanda massiv profitéiert. De Ruanda ass finanziell insgesamt ganz staark vun den internationale Gelder ofhängeg. Bei engem Treffe vun den EU-Ausseministeren de 24te Februar huet de Minister du fir e Schock gesuergt, andeems hien als Eenzege méiglech Sanktioune géint eng Rei vu Persounen aus dem Ruanda verhënnert huet. D’Argumentatioun vum Minister war, dass et keen Text ginn hätt, iwwert deen een hätt kéinten ofstëmmen. Zudeem wär een Treffe fir Verhandlunge geplangt an hien hätt wéilte verhënneren, dass dës Gespréicher ofgesot géife ginn. Duerch dës Entscheedung gouf Lëtzebuerg international hefteg kritiséiert an huet e groussen Imageschued dovu gedroe.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Minister bereet, fir déi bilateral Aiden, déi Lëtzebuerg dem Ruanda zoukomme léisst, auszesetzen, bis eng Wafferou ënnerschriwwe gouf an domat och de Ruanda un de Verhandlungsdësch ze zwéngen?

  2. Ass de Minister net der Meenung, dass duerch d’Oprechterhale vun de bilateralen Aidë Lëtzebuerg och indirekt d’Krichsverbrieche vun den M23-Milizen am Kongo matfinanzéiert?

  3. Nom russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain goufe schnell Sanktioune géint Russland decidéiert a Lëtzebuerg steet och haut no méi wéi 3 Joer Krich nach ëmmer fest zur Ukrain.
    En vue vun der grousser finanzieller Ofhängegkeet vun den Aiden aus Europa, ass de Minister net der Meenung, dass duerch een Aussetze vun de bilateralen Aiden, wéi aner Länner et och schonn decidéiert hunn, massiven Drock op de Ruanda hätt kéinten ausgeüübt ginn, fir d’M23-Milizen aus dem Kongo zréck ze zéien an eng Wafferou oder ee Friddensvertrag ze ënnerschreiwen an domat d’Bluttvergéisse séier ze beendegen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2056

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene