Centre de Formation pour Conducteurs

Huet eng Persoun säi Führerschäinsexame gepackt, kritt en an enger éischter Phas zwar e Führerschäin, befënnt sech awer nach wärend enger Zäit am Stage. Fir den endgültege Führerschäi kréien ze kënnen, musse betraffe Persoune fir een Dag an de Centre de Formation pour Conducteurs zu Colmer-Bierg, wou si un enger Rei vun Übunge mussen Deel huelen. Awer net nëmmen Autofuerer, déi sech nach an der Stagezäit befannen an hiren definitive Führerschäi wëlle kréien, mussen am Centre de Formation pour Conducteurs passéieren, mee och Persounen, déi scho méi Punkten op hirem Führerschäi verluer hunn. Ob dës Aart a Weis kënnen si nees Punkten dobäi kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn et am Moment fir jonk Autosfuerer, déi sech am Stage befannen an elo hiren definitive Führerschäi wëlle kréine, Waardezäite fir e Rendez-vous am Centre de Formation pour Conducteurs? Wa jo, wéi laang sinn dës Waardezäiten am Moment?

  2. Ginn et am Moment fir Autosfuerer, déi nees Punkten op hirem  Führerschäi wëlle bäikréien, Waardezäite fir e Rendez-vous am Centre de Formation pour Conducteurs? Wa jo, wéi laang sinn dës Waardezäiten am Moment?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2062

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene